La traditionnelle action «Spitzkuchen»
du Lions Club Luxembourg Fort Vauban

 

 

Léif Dammen, léif Hären, léif Lions Frënn,

Och wann d‘Corona Pandemie nach net ganz iwwerstanen ass, hu mir awer e Stéck Normalitéit zeréck kritt. Dowéinst si mir immens frou, dëst Joer, eis Spitzkuchen Traditioun erëm op ze huelen.

Et ginn esou vill Geleeënheeten fir Freed ze maachen. De Spitzkuchen kann als Merci, besonnesch Erkenntlechkeet, fir de Kleeschen, Chrëschtdag oder als Neitjeerchen,verschenkt ginn.

Dir kënnt déi verschidden Zorten vun eiser schneekeger Spezialitéit an Zellophan Titercher vun 150 g oder 300 g bestellen. De Melange gëtt et och an Kaddo Këschten mat Putsch vun 400 g an 600 g.

Är Bestellung kënnt Dir per Email, Post Adress, SMS oder Telefon opginn. E Fax hunn mir leider net méi. 

Eis Aktioun gëtt selbstverständlech ënnert den virgesinnen sanitären Moossnamen duerchgefouert.

Wéi gewinnt fléisst de Gewënn vum Spitzkuchen Verkaaf an eis Sozial Aktiounen, dowéinst ass Är Ënnerstëtzung esou wäertvoll!

En häerzleche Merci vun eis all. Mir wënschen Iech elo schonn schéin Chrëschtdeeg an e gudde Rutsch an e glécklecht a gesond Joer 2022.

 

Bon de commande....