Spitzkuchen 2022 du LC Fort Vauban

987937314.png

Léif Dammen, léif Hären, léif Lions Frënn,

D'Memberen vum Lions Club Fort Vauban freeë sech, Iech och dëst Joer erëm hiren traditionellen Spitzkuchen unzebidden. Dir wësst jo wiem Dir domat fir d' Ënn vum Joer eng Freed kënnt maachen.

Dir kritt déi verschidden Zorten vun eiser schneekeger Spezialitéit an Zellophan Titercher vun 150 g. De Melange gëtt et och an Tuten vun 300g an a Kaddo Këschten, mat Putsch, vun 400 g an 600 g.

Är Bestellung kënnt Dir per Email, Post Courrier, SMS oder iwwer Telefon opginn.

Den Erléis vum Spitzkuchen-Verkaf finanzéiert eis Sozial Aktiounen, dowéinst ass Är Ënnerstëtzung esou wäertvoll!

D’Bestellung bei eisem Fournisseur ass gemaach. Wëll eng Nôbestellung  net kann garantéiert ginn, wier et wichteg den Delai  bei de Commanden anzehalen. Sollt et zu engem Liwwerengpass kommen, wat mer net hoffen, fuere mer nom Prinzip „first come, first serve".

Mir soen Iech am Viraus en häerzlechen Merci a wënschen Iech elo schonn schéin Feierdeeg  an e gutt neit Joer.

De Lions Club Fort Vauban

BON DE COMMANDE