Sélectionnez votre langue

Lions Club Fort Vauban
Konferenz vum 26. Januar 2023

De Kim Grangenette huet eis iwwert säin Engagement vir Déieren a virun allem vir Päerd awer och vir ukrainesch Léit erzielt.

De Reider a Päerdshändler Kim Grangenette vum Bouferterhaff zu Bartreng huet aus beruffleche Grënn vill Frënn a Polen, Ungarn an an der Ukrain. Wéi hie vum Krich an der Ukrain héieren hat, huet hien decidéiert e Spendenopruff ze maachen.

Di 1. Faart ass de Kim zesumme mat dem Nina, eng Ukrainerin vun Lëtzebuerg duerch Polen, Slowakei ob Ushhorod gefuer mat sengen Päerdscamion voll gelueden mat Iessen a Medikamenter fir d'Mënschen an d'Déieren. Hien konnt och Refugiéen aus der Ukrain matt op Lëtzebuerg bréngen.

D'Sammelaktioun zu Lëtzebuerg war esou grouss, dass d'asbl Nei Aarbecht hinne gehollef huet an mat engem Camion voll gelueden op Berlin gefuer ass. Vun do ass dann alles op Ushhorod an op Kiew vun engem ukrainesche Chauffeur transportéiert ginn.

D'Schëfflenger Déierenasyl huet och vill gesammelt. Si sinn mat Fudder op di rumänesch Grenz gefuer, an hu vun do och Déiere mat op Lëtzebuerg bruecht.

De Kim huet keng Päerd kënne mat an eist Land bréngen, well wéinst dem Krich Exportpabeiere vir Päerd net konnten ausgestallt ginn.

Well de Kim keng Pabeiere méi vun dem lëtzebuergesche Roude Kräiz ausgestallt kritt huet vir en 2. humanitären Transport, huet hien decidéiert vir en ale Camion ëmzesprëtzen als humanitäre Camion. D'France von Roesgen, eis Member, huet ganz vill gehollef vir all déi néideg Pabeieren zesummen ze kréien, ënner anerem Sécherheetsweste vun der NASA.

Mat dësem Camion an enger Remorque vollgepaakt mat Fudder a Medikamenter ass hien nach eng Kéier op Zahony (ungaresch Grenz) gefuer. De Camion an d’Remorque huet hien den Ukrainer geschenkt.

Zur Zéit huet sech d'Situatioun em Kiew stabiliséiert, och well nees méi Bensinn do ass. D'Knappheet u Liewensmëttelen ass och net méi esou schlëmm.

Zum Schluss seet eis de Kim nach eng Kéier e grousse Merci vir d’Spend vun eisem Club. Ouni déi, an di vill aner Spenden, mee vir un allem di vill vertrauensvoll Ukrainer, hätt des humanitär Aktioun ni kënne stattfannen.

Eis Presidentin, Bärbel Chorus, seet dem Kim an dem France Merci vir hiert grousst Engagement vir Mënschen an Déieren an der Ukrain.

Sauvegarder
Choix utilisateur pour les Cookies
Nous utilisons des cookies afin de vous proposer les meilleurs services possibles. Si vous déclinez l'utilisation de ces cookies, le site web pourrait ne pas fonctionner correctement.
Tout accepter
Tout décliner
Essential
Ces cookies sont nécessaires au bon fonctionnement du site, vous ne pouvez pas les désactiver.
Joomla!
Accepter