Sélectionnez votre langue

Actions sociales fir e gudden Zweck

De Lions Club Luxembourg Europe iwwerreecht 20 000 Euro un véier Associatiounen

Virun kuerzem huet de LIONS CLUB LUXEMBOURG - EUROPE als Resultat aus hiren "actions sociales" am Exercice 2021/2022 Schecken am Gesamtwäert vun 20.000 € un 4 Associatiounen iwwerreecht.

De Past-President Jos KIEFFER konnt der Madamm Diane WOLTER, Presidentin vun der Fondation CBM Luxembourg 5.000 € iwwerreechen. Déi nach jonk Fondatioun CBM ass virun Allem a Madagaskar, Angola an am Laos aktiv, an hutt sech zum Ziel gesat, d’Versuergung vun Aenerkrankungen bei Kanner ze verbesseren, ënnert Anerem duerch den Opbau vun Aengesondheetszentren an duerch Fërderung vun der Ausbildung vun Aendokteren op der Platz (www.cbm.lu).

5.000 € sinn un d’Organisation Theresia’s Orphans and Vulnerable Children Foundation Namibia gaangen, mat där de LIONS Club Luxembourg Europe schonn laang Joren excellent Relatiounen ennerhällt. Dëse Projet, deen vun engem Lëtzebuerger geleet gëtt deen an Namibia wunnt an schafft, ënnerstëtzt Kanner déi hir Elteren verluer hunn resp. Elteren hunn déi sech net em d’Kanner këmmeren kennen. Ziel besteet doran, de Kanner et ze erméiglechen selbststänneg ze liewen ouni finanziell Ënnerstëtzung aus dem Ausland. (theresiafoundation.org)

5.000 € sinn och un den Dr Georges Kratzenberg an seng Associatioun Un sourire pour l’Equateur a.s.b.l. gaangen. Dëse Projet huet zum Ziel, den Leit an engem vun deenen äermsten Länner vun Südamerika, den Accès zur d’Zännmedezin ze erméiglechen. Et geet hei och dorëm de Leit di elementar Zännhygiène ze erklären an och Zänndokter auszebilden an hinnen Material zur Verfügung ze stellen (asmileforecuador.org/).

5.000 € ginn am Kader vun dem Projet Lions Club Luxembourg Academic Refugee Fund fir eng Bourse universitaire complémentaire fir Studenten zur Verfügung gestallt, déi de Status vum réfugié reconnu hunn an op der Uni.lu studéieren. De Projet gëtt an Zesummenaarbecht mat der Universitéit geréiert an et ass och d’Universitéit déi d’Studenten selektionéiert an hier Aarbecht iwwerwaacht.

André Majerus
via mywort

Sauvegarder
Choix utilisateur pour les Cookies
Nous utilisons des cookies afin de vous proposer les meilleurs services possibles. Si vous déclinez l'utilisation de ces cookies, le site web pourrait ne pas fonctionner correctement.
Tout accepter
Tout décliner
Essentiel
Ces cookies sont nécessaires au bon fonctionnement du site, vous ne pouvez pas les désactiver.
Joomla!
Accepter