Select your language

ENDLECH NEES ZESUMMEN !
De Lions Club Mameranus iwwerreecht Schecken am Wäert vun 56 000 Euro.

Image

D'Membere vum Club an d'Vertrieder vun den Associatiounen hu sech no laanger Zäit nees gesinn.

Lëtzebuerg. Kierzlech hat de Lions Club Mameranus (LCM) op een Apero op der Place d'Armes invitéiert. Engersäits war dësen éischten Event geduecht fir de Memberen, déi sech zënter November 2020 zwar reegelméisseg all Mount iwwer Videokonferenz fir eng Reunioun gesinn hunn, d‘Méiglechkeet ze bidden, sech no dëser laanger Waardezäit, mol nees physesch begréissen ze kennen.

Op der anerer Säit gouf dëse Come together och als Geleeënheet genotzt, fir déi verschidden Associatiounen ze invitéieren, deenen hir Projeten de LCM wärend sengem Geschäftsjoer 2020/21 mat engem Gesamtbetrag vu 56 000 Euro ënnerstëtzt hat.

Op nationalem Niveau waren des d'Associatioun Blëtz, d'Bourse universitaire pour etudiants réfugiés, d'Association Luxembourg Alzheimer, de Leederwon, Equiclic an d'Trauerbuch- Kannerbuch "Mein Papa hieß Michel" vum Simone Thill. Finanziell ënnerstëtzt goufe weider e syresche Flüchtling, e peruaneschen Aarbechter zu Lëtzebuerg an zwee Museker vum Estro Armonico, souwei den Telethon. Och international Projete vun Dignity, Iles de Paix Luxembourg, SOS Faim Luxembourg, Villa Kunterbunt, Amitié Am Sand-Amizero an AEIN Luxembourg goufe net vergiess. D'Invitatioun vum Lions Club Mameranus gouf vun enger ganz grousser Zuel vu eegene Memberen a Vertrieder vun de finanzéierte Verbänn ugeholl an domat huet dëst Zesummentreffen ënner stralendem Himmel op enger Terrass eng exzellent Geleeënheet fir interessant Gespréicher gebueden. Den Event gouf mat den obligate Scheckiwwerreeschungen ofgeronnt.

Jacques Barthel via mywort.lu 07.07.2020

Save
Cookies user preferences
We use cookies to ensure you to get the best experience on our website. If you decline the use of cookies, this website may not function as expected.
Accept all
Decline all
Essential
These cookies are needed to make the website work correctly. You can not disable them.
Joomla!
Accept